De winenoobs Wee

Fills de dech verluer an der Wäiwelt?

Mir verstinn dech. Ze vill Choix, ze vill komplizéiert Wierder, zevill Confusioun wann et drëms geet de richtege Wäin ze fannen. Do komme mir an d’Spill.

Déng perséinlech Berodung

De winenoobs Wee

Dat ass de Ben, Grënner vu winenoobs a geléierte Wënzer an Önolog. Hien hëlleft dir dobäi de passende Wäin fir dech ze fannen. Ganz onkomplizéiert an ouni Stress.

Kee Jargon, keng Confusioun - just du an déng perfekt Fläsch Wäin. Chat mam Ben a so him einfach wats du sichs, hien hëlleft der ganz gäre weider!

breaking news!

breaking news!

Rosay all Day

Eisen neieste intergalaktesche Rosé ass do! Intensiv zeidegt Erdbier Aroma vu sonneverwinnte blauer Portugieser Drauwen treffen op en erfrëschende a sprëtzege Goût vun handgeliesenen Pinot Noir Drauwen. Vegan vinifizéiert an nohalteg ofgefëllt a recycléiert Fläschen. Limitéiert op 2000 Fläschen a mat Léiwt gemaach vun eisem winenoobs Wënzer Duo Ben&Friedrich.

Wéi fonktionnéiert dat Ganzt?

1. one-way ticket to flavourland

Ziel dem Ben wats du sichs a wéi däi perfekten Wäin schmaache soll. Kee Grond schei ze sinn, du muss keng komplizéiert Wäisprooch dofir kënnen; de Ben versteet dech schon. Natierlech kanns du dech och einfach an eisem Shop ëmkucken an dir eis Collectiounen ukucken.

2. check yourself out

Eis handselektéiert Wäiner vun ausschließlech klengen authentesche Wënzer fänke bei 8 € un. Hues de puer interessant Fläsche fonnt déis de schmaache wëlls? Super, lee se an däin online Kuerw a looss der déng Wäinentdeckunge ganz einfach heemschécken. Bestellungen iwwer 100 € liwwere mir gratis heem.

3. open, sip, and enjoy

Lo zum beschten Deel - maach déng Fläsch op, schëdd der e Glas Wäin aus an huel dlng éischt Schlupp. Schmaacht et? Super, erziel eis dovunn! Däi Feedback hëlleft eis dobäi dir weider nach besser Wäinrecommandatiounen ze ginn! Mir si jo schließlech dofir do dir däi Liewen e bësse méi einfach ze maachen…  

Wat differenzéiert winenoobs vun aneren Wäibuttéker?

  • De Ben ass däi “winepartner in crime” deems de voll a ganz vertraue kanns. Hien hëlleft dir bei der Aufgab de perfekte Wäin fir dech ze fannen. Als Wënzer weess hie ganz genau wéi Wäin gemaach gëtt a kann ouni Problem den Ennerscheed tëschend engem héichqualitativen a schlechte Wäin maachen a léisst sech net vun Nimm, Etiketten a Marketing blenden.

  • Eist Wäinportfolio besteet just aus Wäiner vu klengen, eenzegaarte Domainen vun deene mir Fan sinn. De Ben ass ëmmer op der Sich no Wäiner mat engem exzellenten Präis-Leeschtungsverhältnis. Fir dech heescht dat dass de déi beschte Qualitéit u Wäin fir de beschte Präis kriss.

  • Mir sinn en inklusive Wäibutték a begréisse jiddereen dee gäre Wäin drénkt. Natierlech si mir Wäin passionnéiert, mee eist Motto heescht och: Haaptsaach et schmaacht! Egal op’s du e Wäinufänger oder Wäinamateur bass, mir hëllefen dir dobäi de passende Wäin fir dech ze fannen.

  • Mir stellen dir déng perséinlech Wäinselektioun zesummen déi just op däi Goût zougeschnidden ass. So eis einfach wat’s du sichs a mir fannen de passende Wäin fir dech. Benotz eisen Chat fir direkt mam Ben ze schwätzen an hien hëlleft dir direkt weider. Sou einfach ass et.

  • Eis Missioun besteet doraus dee Wäin ze fannen deen am Beschten zu dir passt. Du kanns dech also op eng relax Wäirees maachen an nei spannend Wäiner ouni Risiko entdecken. Mir maachen de Recht a suergen dofir dass du keng béis Iwwerraschungen erliews. Falls du e Wäin solls suggéréiert krut hunn deen dir absolut guer net schmaacht, ersetze mir dir déng Fläsch gäre bei dénger nächster Bestellung!

  • Du wëlls keng perséinlech Wäinsuggestiounen a kucks dech léiwer an eisem Onlineshop ëm? Kee Problem, du fënns do all eis Wäiner, souwéi extra zesummegestallte Wäipäck fir déng nächst Vinoccasioun.

Uncork the sunshine with Ben’s suggestions for the summer!

Pétillant Naturel “la Quatrième”

Fir all d’Naturwäinfrënn-dinnen a Pet Nat lovers! En onfiltréierten spruddelege Wäin aus Rieslingsdrauwen deen ouni Sulfiter ofgefëllt ginn ass. Richteg erfrëschend, éng animéirend Saier, volle Kanne Zitrusaroma an 0 Gramm Zocker! Produzéiert vun eisem bekannte Koleg Friedrich aus der Südpfalz! Fir jiddereen deen oppe fir nei a spannend Wàiner ass, déi net der Norm entspriechen!

Leapling Riesling Primerberg

Sou schmaacht Lëtzebuerg!
E mineraleschen a gläichzäiteg extrem fruchtegen Riesling deen ee sou net kennt! De klenge Wéngert um Primerberg gëtt vum Danny Züst mat Léiwt zu 100% selwer mat der Hand kultivéiert! Pro Joer gi just 800 Fläschen vun dësem klenge Schatz produzéiert, d.h. de stock ass limitéiert. D’Präis-Leeschtung ass hei iwwregens phänomenal! Mäi go-to lëtzebuerger Riesling!

Friedrich Braun Spätburgunder

An nach eng zweet Suggestioun aus dem Haus Friedrich! E puristeschen Pinot-Noir aus der Südpfalz deen net am Holzfaass geräift ginn ass. Doduerch schmaacht e méi liicht (trotz 14% vol. alc) an den typesche Goût no Kiischten an donkele Bieren kënnt voll zur Geltung. Perfekt wanns de e op der Sich no engem manner schwéiere roude Wäin bass!

L’Avventura Picchiatello

Bella Italia an der Fläsch! Cesanese del Piglio ass eng selten Riewzort déi just an der Regioun vu Roum säit Joerhonnërten kultivéiert gëtt. De Picchiatello mécht virun allem mat sénger konzentréierter Cassisnote op sech opmierksam déi och laang nom Ofschlécken nach ze schmaache bleiwt. Schmaacht richteg ronn an ass perfekt ausbalancéiert tëscht liicht a schwéier. E WäIn deen deen duerch säin intensive Goût och ouni Iessen richteg Spaass mécht!